Lafend Thema (01.01. – 31.03.2024) : ‘Street Photography’
Nächst Aktivitéit : ‚Aféierung Lightroom – 1ten Deel’ de 17.04.2024

  Heefeg gestallte Froen

Et brauch ee just op dësem Site op d‘Rubrik ‚Member ginn‘ ze klicken an dee Formular auszefëllen. A scho gëtt ee Member vum PCS.
All Amateur vu Fotoen, egal op bluddegen Ufänger oder méi erfuerene Photograph, ass bei eis wëllkomm. Et spillt och keng Roll, wat fir een Equipement een huet. Bei eis gëtt et och keng Altersgrenz.

Photographen, déi nach gären analog schaffen, fanne bei eis och hiert Gléck. Mer hunn an eisem Studio eng Donkelkummer fir schwaarz / wäiss a faarweg Fotoen.

D‘ ‘Membres actifs‘ oder (Membres associés) huelen, wéi de Numm et scho seet, aktiv um Clubliewen deel. Si hunn d‘Stëmmrecht an der Generalversammlung a wielen d‘Membre vum Conseil d‘administration. D‘Membres actifs kënnen och hir Photoen a eng perséinlech Galerie op eise Site setzen, a sech op hirer eegener Säit virstellen. Si kréien och automatesch den Accès op de Site fir hir Photoe kënnen direkt eropzelueden.

D‘ ‘Membres honoraires‘ ënnerstëtzen de Club finanziell. Si ginn awer och reegelméisseg informéiert iwwert dat, wat am Club leeft. A natierlech si si wëllkomm fir bei de Club – Aktivitéiten luussen ze kommen.

All ‚Membre actif‘ ka seng Kandidatur stellen, fir an de Conseil d‘administration gewielt ze ginn. Eenzeg Konditioun: de Kandidat muss groussjäreg sinn.

Als Member vum Conseil d’Administration muss een net onbedéngt déifgréifend fotografesch Kenntnisser hunn. Et gëtt awer e Minimum vun Interessi an Asaz fir de Club erwaart.

Fir eis Photoen an Informatiounen iwwert de Clubum Site ze kucken muss ee sech net aloggen. Déi aktiv Memberen mussen sech awer aloggen, fir hir Photoen kënnen direkt op de Site ze lueden, fir Photodokumentatioun erofzelueden a Commentairen ze schreiwen.

Einfach op de Link ‚Passwuert vergiess ?‘ klicken an den Instruktiounen um Ecran follegen.

All Member kann zu all Moment säi Passwuert änneren. D‘Prozedur ass déi selwecht wéi wann ee säi Passwuert vergiess huet.

Neen! Eise Site erlaabt et net de Benotzernumm ze änneren. Dofir misst den Accès geläscht a komplett nei definéiert  ginn.

Jo, dat ass méiglech. Dofir soll de Formular an der Rubrik ‚Perséinlech Donnéeën änneren‘ benotzt ginn.

Eis aktiv Membere kënne kleng privat Annonce publizéiere fir alles, wat d’Photographie betrëfft : Kaf / Verkaf vu Photogeschier, Studio oder Donkelkummerequipement a Material, Photobicher an Dokumentatioun.

De PCS këmmert sech net ëm d’Ofwéckele vun de Keef / Verkeef an ass och net responsabel fir d’Objeten, déi annoncéiert sinn!

All Mount gëtt eng Photo vun all Member, dee wëll matmaachen, gewisen. D‘Photoe ginn all Mount gewiesselt.

Déi komplett Serië vu Photoen, déi eng Kéier sou gewise ginn ass, kann een ënner ‚Eis Photoen‘ Rubrik ‚Themen‘ an der Galerie ‚Hannergronnbiller‘ kucken.

All Member vum Club huet d’Recht fir eise Studio gratis ze benotzen. Déi eenzeg Viraussetzung ass, datt d’Kotisatioun vum lafende Joer bezuelt ass.
De Studio kann direkt iwwert eise Site reservéiert ginn.
Virun der éischter Benotzung kritt all interesséierte Member eng kleng Aweisung.

All aktive Member kann eng Galerie um Site kréien, fir seng Photoen ze weisen. Hie kann awer och nach zousätzlech eng Säit kréien, wou hie sech selwer virstellt.

Zeréck No Uewen
Zou maachen Zoom
Déi Operatioun do ass net erlaabt !