Lafend Thema (01.04. – 30.06.2025) : ‘Leit bei der Aarbecht’
Nächst Aktivitéit: ‘Ofschlossieesen’ den 01.07. um 19:30 Auer am ‘Buggy’

De Conseil d’administration vum Photo – Club Schëffleng invitéiert äech häerzlech op seng Generalversammlung, déi e Freideg, de 14te Mäerz 2025 ëm 19:00 Auer an der Maison des Générations (Sall Anise Koltz), 1 A Rue Jean Wilhelm, zu Schëffleng ofgehale gëtt.

Dagesuerdnung

 

  1. Usprooch vum President
  2. Tätegkeetsbericht vum Joer 2024
  3. Keesebericht
  4. Bericht vun de Keeserevisoren
  5. Neiwal vun de Keeserevisoren
  6. Decharge vum Conseil d’administration
  7. Akzeptatioun nei Memberen am Conseil d’administration
  8. Nei Chargeverdeelung am Conseil d’administration
  9. Kotisatioun 2025: Membre actif: 15€, Membre honoraire: 10€
  10. Eis Éieregäscht hunn d’Wuert
  11. Fräi Aussprooch

Kandidaturerklärunge fir an de Conseil d‘administration oder fir Keeserevisor kënnen an der Generalversammlung gemaach ginn. Kommt mellt äech, well mer brauchen nach nei Memberen am Conseil d’administration.

Fir de Conseil d’administration vum

PHOTO-CLUB SCHËFFLENG

Back to Top
Close Zoom
Déi Operatioun do ass net erlaabt !