Concoursen
Och dëst Joer hunn erëm e puer Membere vum PCS bei verschidde Concourse matgemaach.
Hei sinn déi Photoen, déi akzeptéiert, respektiv priméiert, gi sinn:
Erausfuerderung : Wat kann een alles mat enger Photo maachen ?
Clubowend vum 22.05.2024
Klickt einfach op en Original fir ze gesinn, wat eis Photographen doraus gemaach hun.
Generalversammlung
Invitatioun
De Conseil d’administration vum Photo – Club Schëffleng invitéiert äech häerzlech op seng Generalversammlung déi e Freideg, de 15te Mäerz ëm 19:00 Auer an eisem Studio an der Bestgens Millen, 1 Rue du Moulin zu Schëffleng ofgehale gëtt, mat dëser Dagesuerdnung:
I. Deel : Uerdentlech Generalversammlung
- Usprooch vum President
- Tätegkeetsbericht vum Joer 2023
- Keesebericht
- Bericht vun de Keeserevisoren
- Neiwal vun de Keeserevisoren
- Decharge vum Conseil d’administration
- Deelweis Neiwal vum Conseil d’administration:
Austriedend an erëmwielbar si Michel Pierson a Gilles Wagner - Kotisatioun fir d’Joer 2024: Membre associé: 15€, Membre honoraire: 10€
- Eis Éieregäscht hunn d’Wuert
- Fräi Aussprooch
Kandidaturerklärunge fir an de Conseil d‘administration oder fir Keeserevisor kënnen an der Generalversammlung gemaach ginn.
Kommt mellt äech, well mer brauchen nach nei Memberen am Conseil d’administration.
II. Deel : Ausseruerdentlech Generalversammlung
- Refonte vun eise Statuten
Dëse Schratt musse mer maachen, fir dass mer konform ginn, mam neie Gesetz vum 7ten August 2023 iwwert d’A.s.b.l.ën.
Wichteg
Fir iwwert Statutenännerung ze decidéieren, musse mindestens 2/3 vun de Memberes associés present oder vertruede sinn!
Wann dee Quorum net erreecht gëtt, musse mer eng zweet Ausseruerdentlech Generalversammlung aberuffen, déi dann decidéiere kann, egal wéi vill Membren present oder vertruede sinn.
Dofir, wann der de 15te Mäerz net komme kënnt, da loost äech w.g.l. vun enger anerer Persoun vertrieden.
de Conseil d’administration
Publizitéit fir de Club
Dës Publizitéit fir eise Club leeft am Moment um groussen Ecran virun der Gemeng zu Schëffleng
Programm vum 04.01.2023
Bis dohin, wënscht de PCS äech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2023
Clubowend : Model – Shooting
Hei eng kleng Selektioun …
Ausstellung ‘Portraits urbains’
Eise Kolleeg, de René Roeser, stellt e puer vu senge Photoen zu Léck aus.
Sot eis wat där denktSchreift äre Message