Lafend Thema (01.04. – 30.06.2024) : ‘Brécken’
Nächst Aktivitéit : ‚Photo Anayse’ den 08.05.2024
Invitatioun

De Conseil d’administration vum Photo – Club Schëffleng invitéiert äech häerzlech op seng Generalversammlung déi e Freideg, de 15te Mäerz ëm 19:00 Auer an eisem Studio an der Bestgens Millen, 1 Rue du Moulin zu Schëffleng ofgehale gëtt, mat dëser Dagesuerdnung:

I. Deel : Uerdentlech Generalversammlung

  • Usprooch vum President
  • Tätegkeetsbericht vum Joer 2023
  • Keesebericht
  • Bericht vun de Keeserevisoren
  • Neiwal vun de Keeserevisoren
  • Decharge vum Conseil d’administration
  • Deelweis Neiwal vum Conseil d’administration:
    Austriedend an erëmwielbar si Michel Pierson a Gilles Wagner
  • Kotisatioun fir d’Joer 2024: Membre associé: 15€, Membre honoraire: 10€
  • Eis Éieregäscht hunn d’Wuert
  • Fräi Aussprooch

Kandidaturerklärunge fir an de Conseil d‘administration oder fir Keeserevisor kënnen an der Generalversammlung gemaach ginn.
Kommt mellt äech, well mer brauchen nach nei Memberen am Conseil d’administration.

II. Deel : Ausseruerdentlech Generalversammlung

  • Refonte vun eise Statuten

Dëse Schratt musse mer maachen, fir dass mer konform ginn, mam neie Gesetz vum 7ten August 2023 iwwert d’A.s.b.l.ën.

Wichteg

Fir iwwert Statutenännerung ze decidéieren, musse mindestens 2/3 vun de Memberes associés present oder vertruede sinn! 
Wann dee Quorum net erreecht gëtt, musse mer eng zweet Ausseruerdentlech Generalversammlung aberuffen, déi dann decidéiere kann, egal wéi vill Membren present oder vertruede sinn.

Dofir, wann der de 15te Mäerz net komme kënnt, da loost äech w.g.l. vun enger anerer Persoun vertrieden.

de Conseil d’administration

Zeréck No Uewen
Zou maachen Zoom
Déi Operatioun do ass net erlaabt !