Den 28. Mee 1934 hu sech aacht begeeschtert Photosamateuren zu Schëffleng zesummegedoe fir de Schëfflenger Photosclub ze grënnen.
Si hate gläich begraff, datt et de Sënn vun engem Club ass, senge Membere mat Rot an Dot bäizestoen an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn an engem Clublokal hirem Hobby nozegoen.
Dobäi gëllt et net nëmme Photoen ze knipsen, neen, si mussen och duerchdiskutéiert a kritiséiert ginn, fir datt se méi Ausso- an Ausdrockskraaft kréien, fir datt se op nationalem an internationalem Plang bestoe kënnen.
Dofir muss de Photosamateur d’Theorie kennen, grouss Meeschtere studéieren an natierlech selwer vill praktesch schaffen.